Aktuelles

 

News

Ëmfro fir Bedreiwer an Developpeuren vu Wandparken a grousse Photovoltaikanlagen

D’Creos ass verantwortlech fir d'Planifikatioun an den Ausbau vum elektresche Stroumreseau zu Lëtzebuerg. Fir dëser Aufgab gerecht ze ginn an eis Ressourcen op der richteger Plaz anzesetzen, ass et wichteg, präzis Prognosen iwwer zukünfteg Entwécklungen ze erstellen.

Dofir starte mir eng Ëmfro bei Projetentwéckler a Bedreiwer vu Wand- a PV-Anlagen, mam Zil, méi Detailer iwwer laangfristeg geplangte Projeten an hir geographesch Verdeelung am Land ze gewannen. Dës Informatioune fléissen direkt an eis Netzentwécklungspläng an, fir den Ausbau vum Stroumreseau optimal un d'Besoine vun der Energietransitioun unzepassen. D'Resultater wäerten transparent am Kader vum  Netzentwécklungsplang fir den Distributiounsreseau op eisem Internetsite publizéiert ginn.

Mir schätzen Är Mataarbecht a soen Iech elo scho Merci fir Är Ënnerstëtzung!

> huelt elo Deel un der Ëmfro

Creos - Pressekontakt

Creos informiert die Medien regelmäßig durch Interviews mit Mitgliedern der Geschäftsleitung, Pressemitteilungen oder Pressekonferenzen. Wenn Sie Fragen haben oder weitere Informationen benötigen, wenden Sie sich bitte an unsere Kommunikationsabteilung.